Porverband

Porverband «Sandweiler-Syrdall»

Schonns vun 1997 un hunn d’Poren aus dem Syrdall bei verschiddene Geleeënheeten zesumme geschafft. Och d’Por Sandweiler huet vun 2007 un Intressi un enger Zesummenaarbecht gewisen.

De Porverband „Sandweiler-Syrdall“ ass duerch äerzbëschoflecht Dekret vum 10. Oktober 2008 offiziell konstituéiert ginn. Zu him gehéieren d’Pore Conter, Éiter, Mutfert (mat der Filial Méideng) a Sandweiler.

Dës Dierfer, déi an de Gemenge Conter a Sandweiler leien, hunn am ganze 4 Kierchen an eng Kapell, ee Por-Center, an deem d’Porverbandssekretariat ënnerbruecht ass, an zwee Paschtoueschhaiser. Et wunnen um Territoire vun deenen zwou Proporzgemenge ronn 6.500 Leit mat iwwer 65 verschiddenen Nationalitéiten. Och de Schraasseger Prisong läit um Territoire vun der Gemeng Sandweiler an domat an eisem Porverband.

Verschidden Zeechen weisen, datt mir op engem gemeinsame Wee sinn: gemeinsam Feieren (Ouschteren, Chrëschtdag, 1. Kommioun, Firmung, Porausflug…), de Porverbandsrot, d’Porblad, sozial an humanitär Aktivitéiten, partiellt Zesummeschaffe vun de Choralen…

FAASCHTENIESSEN: 22. Februar 2012 zu Sandweiler

Op Äschemëttwoch, zum Ufank vun der Faaschtenzäit, den 22. Februar, invitéiert de Porverbandsrot Sandweiler-Syrdall, no der Owesmass op e Faaschteniessen an de Porzentrum op Sandweiler (44 rue Principale). Firwat e Faaschteniessen? D‘Faaschteniessen soll äis drun erënneren, datt et äis gutt geet, datt mir bal wéi an engem Schlaraffeland liewen, datt manner och eng Alternativ ass. D‘Faaschteniessen ass och eng vu ville Méiglechkeeten, verantwortungsvoll ëmzegoe mat de gemeinsame Ressource vun eiser Welt. Och solle mir dobäi oppassen, datt d‘Produzenten e faire Präis bezuelt kréien. D‘Faaschteniessen soll awer net en Iesse mat Scholdgefiller sinn, mee eng Geleeënheet fir a Gesellschaft en agreable Moment ze genéissen. Et ass net komplizéiert fir matzeman: dir kommt deen Owend einfach laanscht, de Rescht leeft vum selwen. Mir hu keng Partizipatioun fixéiert, en Don fir d‘Faaschtenaktioun vun „Bridderlech Deelen“ ass awer häerzlech wëllkomm.

 
 
 

BIBELOWENDER AN DER FAASCHTENZÄIT

De Porverbandsrot invitéiert op 3 Bibelowender zum Markusevangelium:

 

01.03.2012 – 08.03.2012 – 27.03.2012

 

am Por-Center zu Éiter (1 rue de l’Eglise) um 19.30 Auer.

 

Brengt w.e.g eng Bibel matt!

 
 

MERCI – DANKESCHÖN aus der Haftanstalt in Schrassig

Seit mehr als 15 Jahren trägt die Gruppe „ Da Capo“ aus Sandweiler zur Verschönerung festlicher Gottesdienste im Gefängnis bei. Dies insbesondere zu Weihnachten und Ostern sowie beim Besuch des Bischofs anlässlich der Spendung der Sakramente der Taufe und/oder Firmung.

 

Das ansprechende Repertoire von französischen, deutschen, englischen und portugiesischen Liedern sowie das Begleiten durch verschiedene Instrumente sorgen stets für eine sehr wohltuende Atmosphäre. Für dieses langjährige und treue Engagement möchten wir an dieser Stelle nochmal ausdrücklich Danke sagen.

 

Seit 3 Jahren besteht außerdem, auf die Initiative der Diakoniekommission des Pfarrverbandes hin, eine sehr gute Zusammenarbeit mit dem Pfarrverband Sandweiler-Syrdall. Durch den regelmäßigen Austausch von Mitteilungen und Beiträgen aus dem Gefängnis im Pfarrblatt, durch Füreinander beten in den Gottesdiensten wird das Bewusstsein gestärkt, dass die Christengemeinschaft im Gefängnis auch zu diesem Pfarrverband gehört.

 

Die kleinen Aufmerksamkeiten zu Weihnachten, z. B. das Verteilen selbst gebastelter Sterne bereitet immer wieder eine große Freude. Es ist nicht der Stern an sich, sondern vielmehr die Liebe und Aufmerksamkeit der Mitchristen aus dem Pfarrverband, welche die Herzen der Gefangenen berühren.

 

Am diesjährigen Weihnachtsfest haben wir uns ganz besonders über das Geschenk der drei heiligen Könige gefreut , welche der Pfarrverband uns durch den Erlös aus dem Verkauf des Friedenslichtes überreichen konnte. Auch den Guiden a Scouten aus Sandweiler sei hiermit herzlich gedankt.

 

Wir freuen uns auf eine weitere gute Zusammenarbeit und wünschen uns dass wir im Geiste des Hebräerbriefs ( 13,3 ): „ Denkt an die Gefangen als wäret ihr mitgefangen „ immer wieder neue Wege finden um diesen Auftrag zu erfüllen.

 

D’Aumônerie aus dem Prisong vu Schrasseg

Kontakt

Porverband Por-Center Claude Bache Ferdy Fischer
Sandweiler-Syrdall Secrétariat interparoissial Curé modérateur Curé
1, rue de l’Eglise 2, rue des Sports 10, rue d’Itzig
L-5355 Oetrange L-5322 Contern L-5231 Sandweiler
D’Sekretariat as op: sekretariat@porverbandsyrdall.lu claude.bache@education.lu
Méindes vu 17:30 bis 19:00 Auer Tel.: 35 00 16 Tel.: 35 01 10 Tel.: 2635 0010
Freides vu 16:30 bis 18:00 Auer Fax: 35 09 94 Fax: 35 09 95 Fax: 2635 0093