Porverband

D’Porsekretariat Sandweiler-Syrdall

D’Porsekretariat gouf 1997 an d’Liewe geruff, a war zoustänneg fir d’Pore Conter, Mutfert-Méideng an Éiter-Schraasseg. Am Dezember 2005 ass och d’Por Sandweiler derbäi komm.

Déi éischt Porsekretärin, Mme Claus Eliane, war vun 1997 bis den 1. Oktober 2000 aktiv. Durno huet d’Madame Schmit-Lehnertz Suzette vum 1. Oktober 2000 un, zéng Joer laang, d’Sekretariat gelet. Déi nei Porsekretärin as zënter dem Oktober 2010 d’Madame Myriam Di Santolo-Miltgen.

Wat leeft hei?

Am Porsekretariat lafen d’Fiedem zesumme vu sämtleche Poren aus dem Porverband. D’Sekretariat ass zoustänneg fir d’Coordinatioun vun de verschiddene chrëschtlechen Organisatiounen, Gottesdéngschter a Feierlechkeeten an de Gemenge Sandweiler a Contern.

Hei gëtt all Mount d’Porblat zesummegestallt a redigéiert. Zënter dem Joer 2000 si mer och mat engem eegene Site um Internet vertrueden, op deem een all d’Detailler ka liesen, vun der Gottesdéngschtuerdnung, iwwer d’Organisatiounen an allerlee nëtzlechen Informatiounen zum Porliewen an den Ëmfank vun engem Sakrament.

Am Porsekretariat (awer och beim Paschtouer) kënnt dir är Masse bestellen. Hei ginn d’Porregëstere vun der Daf, der Kommioun, der Firmung an de Stierffäll gefouert, sou wéi d’Stëftungsregëster vun de verschiddene Poren.

D’Daf- an d’Firmschäiner ginn och hei ausgestallt. Déi ufalend a néideg Korrespondenz zu der Sakramentepastoral, wéi Kommioun a Firmung, sou wéi déi offiziell mat der Gemeng an den Institutiounen, wéi och soss alles wat zum gudde Fonktionnement vun dem Porverband bäidréit, ginn hei gefouert.

All Woch gëtt de Plang vun de Massintentiounen opgestallt an an déi 5 Kierchen verdeelt. Et gëtt Buch gefouert iwwer d’Akommes vun de Massen an de Stëftungen, déi dann un déi zoustänneg Institutioune verdeelt ginn.

 

Tariffer fir eng Mass ze bestellen:

Wiertesmass: 15 €

Sonndesmass (oder Samschdesowes): 30 €

Kontakt

Porverband Por-Center Claude Bache Ferdy Fischer
Sandweiler-Syrdall Secrétariat interparoissial Curé modérateur Curé
1, rue de l’Eglise 2, rue des Sports 10, rue d’Itzig
L-5355 Oetrange L-5322 Contern L-5231 Sandweiler
D’Sekretariat as op: sekretariat@porverbandsyrdall.lu claude.bache@education.lu
Méindes vu 17:30 bis 19:00 Auer Tel.: 35 00 16 Tel.: 35 01 10 Tel.: 2635 0010
Freides vu 16:30 bis 18:00 Auer Fax: 35 09 94 Fax: 35 09 95 Fax: 2635 0093