WëllkëmmBienvenue – Willkommen

Herzlich willkommen auf der Homepage des Pfarrverbands „Sandweiler-Syrdall“!

Mit dieser Homepage wendet sich die Pfarrgemeinschaft des Pfarrverbands „Sandweiler-Syrdall“ (Pfarreien Contern, Moutfort, Oetringen und Sandweiler) an Sie, um Ihnen die notwendigen oder nützlichen Auskünfte über das Leben im Pfarrverband, in dem Sie leben, zu übermitteln. Unser Pfarrverband möchte eine offene und menschenfreundliche Gemeinschaft sein, die ihre von Jesus Christus gegebenen Aufgaben ernst nimmt, sowie den Menschen aus unseren Pfarreien in vielfacher Hinsicht nützlich sein.

Mit unseren besten Grüßen.

D’Pastoralteam:
Abbé Claude Bache, Paschtouer a Moderator
Abbé Ferdy Fischer, Paschtouer
Eliane Claus-Frising, Monique Fischer, Suzette Schmit-Lehnertz, Memberen
Myriam Di Santolo-Miltgen, Sekretärin

Aktuelles

Opruff un d’Eltere vun de Kommiounskanner

An eisem Porverband ass d’Feier vun der Éischter Helleger Kommioun de 15.04.12 fir d’Kommiounskanner aus der Gemeng Conter an den 22.04.12 fir d’Kommiounskanner aus der Gemeng Sandweiler.

 

Déi éischt feierlech Kommioun ass fir Är Kanner eng wichteg a wäertvoll Etapp op hirem Glaweswee. An der Helleger Kommioun däerfe si de Jesus Christus eng éischte Kéier perséinlech ëmfänken. Dofir wiere mir frou, wann Dir bereet wiert, ze hëllefen, Är Kanner op dëse wichtegen Dag virzebereeden, well Är Kanner sinn op Iech ugewisen – och fir déi reliéis Froen.

Dir kënnt hëllefen duerch eng sérieux Ënnerstëtzung… all Dag: wann Dir mat Ärem Kand biet (moies oder owes, vrum Iessen, e “Vater Unser”, e Kannergebiet, e fräi formuléiert Gebiet oder…); all Woch: wann Dir mat Ärem Kand an d’Sonndesmass kommt, Samschdes owes oder Sonndes moies (wou spillt keng Roll: mir hunn am Prinzip zwou bis dräi Sonndesmassen zur Auswiel – kuckt um Porblat). D’Kanner si jo bal ëmmer op den Auto ugewisen…; ëmmer erëm: wann Dir an Ärer Famill iwwert den Härgott schwätzt an Ärem Kand vum Jesus erzielt (et gëtt vill gutt Bicher!); wann Dir Ärem Kand Respekt virum Reliéise bäibréngt…; no der Kommioun: wann Dir dëse Wee mat Ärem Kand weider gitt, well eréischt no der éischter Kommioun geet et richteg lass (leider halen déi meescht dann op…).

 

Wann Dir mat engem Punkt vun hei uewen e Probleem hutt, da wier et gutt, wann Dir doriwwer nodenke géift, ob et wierklech sënnvoll ass, datt Äert Kand d’Kommioun mécht. D’Kommioun ass fräiwëlleg! Et gëtt kee gezwongen, a gesellschaftlech Zwäng gëtt et gottseidank och net méi. Als Geeschtlech an als Porverbandsgemeinschaft respektéiere mir Är éierlech Décisioun, wa si konsequent ass (nom Motto: “Entweder maache mir mat, an da richteg, oder awer mir loossen et sinn!”) Är Paschtéier si gär bereet, mat Iech an d’Gespréich ze kommen.

 

Mir invitéieren d’Eltere vun de Kommiounskanner, an déi respektiv Virbereedungsversammlungen ze kommen, sech do engagéiert anzebréngen an esou gutt wéi et geet bei der Préparatioun vun der Kommioun eng Hand mat unzepaken.

 

Merci am Viraus fir Är Hëllef an Äert Engagement! Eng wäertvoll a gutt Virbereedung wënschen Iech,

 

d’Geeschtlech Claude Bache a Ferdy Fischer

Bicherausstellung fir d‘ Kommioun - Exposition de livres en relation avec la première communion

Bicherausstellung fir d‘ Kommioun

 

An Zesummenaarbecht mat der “ErwuesseBildung” organiséieren e puer Eltere vun de Kommiounskanner eng Bicherausstellung. Hei gi Bicher presentéiert, déi e sënnvollt Geschenk fir d’Kommioun kënne sinn: Kannerbibelen, biblesch Geschichten, flott Geschichte fir Kanner, Bicher iwwer d’Natur………………. Dës Bicher kënnen op der Plaz bestallt ginn. D’Ausstellung ass am Porzentrum, 44, rue Principale, zu Sandweiler e Samschdeg, 3. März 2012 vun 10 bis12 Auer a vun 13.30 bis 17 Auer

 
 
 

Exposition de livres en relation avec la première communion

En collaboration avec la “Formation des adultes-ErwuesseBildung”, quelques parents de nos premiers communiants organiseront une exposition de livres. Ces livres pourront servir de manière adéquate comme cadeau pour les premiers communiants; des bibles d’enfants, des histoires bibliques, des livres de prières, des livres sur la nature, des contes pour enfants…………. Ces livres pourront être commandés sur place. L’exposition aura lieu au Centre Paroissial, 44, rue principale à Sandweiler, le samedi, 3 mars 2012 de 10 à 12 heures et de 13.30 à 17 heures

Evenementer

Nei Homepage

We dir gesit hu mir eis Homepage nei iwerschafft.

Well d’Por Sandweiler lo zu eisem Porverband gehéiert hu mir och eng nei Internetadress kritt:

(www.pvsandweilersyrdall.lu)

Besënnléches

Ich habe mich entschieden - Nächst Versammlungen fir d’Firmjugend :

Vor einiger Zeit, als ich die Einladung bekam, mich zur Firmung anzumelden, gingen mit viele Gedanken durch den Kopf.Zugegeben, nicht mehr so viele Jugendliche lassen sich firmenm.Den Heiligen Geist empfangen, erstmals ziemlich abstrakt, oder? Dann aber entschied ich mich ganz bewußt zu meiner Firmung.Ich habe mich für einen Weg mit Gott entschieden. Im Vertrauen darauf und den Glauben daran, dass Gott mich nicht alleine lässt.An meiner Seite ist, besonders in den Zeiten,wo nicht alles so gut läuft.Ich entschied mich aber auch, um ganz bewusst und vor der Gemeinde zu Gott ja zu sagen.

Den heiligen Geist zu empfangen, für mich bedeutet es, offener zu werden für andere.Mich nicht vor den Problemen andere zu verschließen. Vielleicht hilft der heilige Geist mir auch, selbst Wege zu finden, wenn ich das Gefühl habe, in einer Sackgase zu stehen. Der heilige Geist, Vielleicht sind das auch die vielen kleinen Denkanstöße. Wenn ich zum Beispiel bei einer Arbeit die Antwort nicht weiß, ist es dann vielleicht der Gedanke: ” Hey, denk nach, du weißt die Antwort”, und dann finde ich sie manchmal auch.Oder, als ich einen Menschen verloren habe, der Gedanke:” Ich schaffe das, ich komm darüber hinweg, ich werde wieder glücklich sein.” All dies verbinde ich mit dem heiligen Geist.

15.02.2012 19.00-20.30 Éiter Centre Culturel

03.03.2012 10.00-12.00 Moutfort Centre Culturel